D'Reegel sollt eigentlech méi grouss Déieren ausschléissen. Ma amplaz huet d'Stad New York domat d'Kreativitéit vun de Besëtzer erausbruecht.
Scho viru Joren huet d'Metro-Entreprise vun New York d'Verbuet vun Déieren an hiren Zich agefouert, mat der Ausnam datt Déieren nëmme matfueren dierfen, wa si "an engem Behältnes ageschloss sinn an op eng Aart a Weis transportéiert ginn, déi aner Passagéier net stéiert". Wéi ee sech denke kann, hat d'staatlech Verkéiersgesellschaft MTA mat der Ausnam wuel éischter kleng Hënn am Kapp, ewéi Chihuahuaen, Yorkshire Terrier oder Malteser, déi um Aarm gedroe kënne ginn.
Fir d'Proprietäre vu gréisseren Hausdéieren zu New York sollt dëst awer éischter en Challenge ginn, dee si gären unhuelen, fir déi Leit zum verzweiwele bréngen, déi sech d'Virschrëft ausgeduecht hunn.
Zanterhier ginn Dausende Fotoen am Internet vun de kreativen Alternative vun de Besëtzer publizéiert a souguer eege Profiller ronderëm déi sougenannt "bagdogs" erstallt. Ma d'New Yorker gräifen dobäi awer net op moudesch Poschen zréck, déi extra fir Hënn entworf goufen, mä op gewéinlech Ikea-Tuten.
Ma déi grouss blo Plastikstute vu 70 Liter, an deene soss Miwwel oder Deko-Objeten transportéiert ginn, loosse sech perfekt fir d'Véierbeener ëmfunktionéieren: Einfach véier Lächer fir d'Been dra schneiden - fäerdeg ass d'Posch fir de mëttelgroussen Hond. Verschidde Besëtzer teste souguer gäre mol, ob d'Tut och hält, wat se versprécht. Bis zu 25 Kilogramm sollen d'Tute packen.
Ma net just d'Ikea-Tut gëtt an der New Yorker Metro als Transportposch fir Déiere presentéiert. Anerer gräife gären op den al bekannte "Jute-Beidel" oder déi ganz traditionell Wallis zréck.
An och d'Ëffnunge fir Rucksäck eegne sech gutt fir den Transport vun engem Mupp.
Ma trotzdeem kommen d'Hondsbesëtzer net ëmmer mat hire kreativen Alternativen duerch. An dësem Fall war dem Lokomotivfürer déi aussergewéinlech Posch fir de Mupp dann dach ze wäit vun enger Transportposch ewech.