
En Léiwin an der Géigend vun Nairobi (Kenia). / © AFP
Et ass schonn déi drëtte Kéier an de leschte sechs Wochen, datt a Südafrika eng Raubkaz konnt an engem Wunngebitt ausbéchsen.
Der Police no war de rezentste Virfall en Donneschdeg de Moien an der Uertschaft Stella an der Nord-West-Provënz. De Besëtzer war mat senger Léiwin ënnerwee an en Nationalpark, wéi d'Déier et gepackt huet, onbemierkt aus dem Transporter ze flüchten. Eréischt ronn eng Stonn méi spéit, wéi de Mann op senger Destinatioun ukoum, ass him opgefall, datt déi grouss Kaz feelt.
D'Autoritéiten hu matgedeelt, datt een nom Déier géif sichen an d'Bierger sinn opgeruff, fir opzepassen an d'Baueren, déi an der Géigend hir Häff hunn, ze informéieren.
Schonn Enn Januar war en Tiger, deen enger Persoun gehéiert, zu Johannesburg aus sengem doheem ausbéchst a war an der Milliounestad ënnerwee. E gouf ënner anerem an der Géigend vu Bürosgebaier am Viruert Edenvale gesi ginn. Zwou Wochen dono war an engem anere Viruert vun der Metropol e weideren Tiger ausgebrach. Dëst weiblecht Déier hat eng Persoun ugegraff an dobäi och nach aner Déieren doutgemaach.