Dräi Réi si vu Wiesbaden op déi aner Rhainsäit eriwwer op Mainz geschwommen. D'Déiere ware virdru vun engem Hond ugegraff ginn.

Vum Mupp opgescheucht, sinn d'Réi an de Rhäin gesprongen an eriwwer op déi aner Ufersäit op Mainz geschwommen. Zwee vun den Déiere konnten um Ufer a Sécherheet bruecht ginn.

Dat drëtt Réi ass awer op en Neits an de Rhäin gesprongen an zeréck op Wiesbaden geschwommen. D'Pompjeeën, déi d'Réi op senger Rees begleet hunn, hunn et dunn och um Ufer agefaangen an a Sécherheet bruecht.

De Wiesbadener Pompjeeën no waren d'Déiere sech wuel net eens, op wat fir enger Säit vum Rhäin et am schéinsten ass.