
© AFP/FRANCOIS NASCIMBENI
An engem Pilotprojet gëtt getest, ob "Kunekune"-Schwäin eng ekologesch Léisung fir d'Ënnerhale vu Wéngerten duerstellen.
Scho méi dacks huet ee vu Schof oder Hénger héieren, déi a Wéngerte fir ze botzen agesat goufen.
Zanter 2022 huet den Olivier Zebic, Wäibauberoder an Önolog, en Experiment um Lafenden, mam Zil Schof duerch eng Optioun ze ersetzen, déi net esou liicht vu Raubdéieren ugräifbar ass.
Déi ronn 40 kg schwéier "Kunekune"-Schwéngercher schaffen extrem präzis a friessen och lieweg Blieder, soubal déi op de Buedem gefall sinn. Dat verhënnert d'Wuesse vu Champignonen. Si suergen och fir den Dünger.
Ee grousse Virdeel ass och, dass d'Planzefrësser physesch net dozou fäeg sinn, hire Kapp ze hiewen an esou och keng Drauwen oder Äscht kënne friessen.
D'Experiment gëtt weider iwwerwaacht, mee bis elo sinn d'"Kunekune"-Schwäin eng optimal Léisung fir den Asaz vun Herbiziden an Trakteren ze limitéieren.
Ee nächste Schratt wier et d'Experiment am Groussen ze lancéieren.