Wéi déi staatlech Noriichtenagence Irna matgedeelt huet, ass de leschte vun dräi Geparden a Gefaangenschaft am Iran un Niereversoe gestuerwen.

De klenge Pirouz, wat op persesch esou vill heescht, wéi "erfollegräich", war e Samschdeg an e Spidol ageliwwert ginn an ass do wärend der Dialys gestuerwen. Den Direkter vum Spidol huet sech entschëllegt, datt si, trotz aller Méi, d'Déier net um Liewe konnten halen.

Domadder hunn elo déi dräi Geparden, déi den 1. Mee am Touran-Reservat op d'Welt komm sinn, net iwwerlieft. Der Regierung no war et déi éischte Gebuert vun asiatesche Geparden a Gefaangenschaft. Zwou Woche no der Gebuert waren zwee vun den dräi Gepardepuppelcher gestuerwen. De Pirouz dogéint gouf 10 Méint al.
Dës Aart vu Geparden, déi am Latäineschen Acinonyx jubatus venaticus heescht, ass staark vum Ausstierwe menacéiert. Am Iran liewen nach ronn eng Dose vun dësen Déieren a fräier Natur, 2010 waren et der nach ronn 100. Den Iran hat grouss Hoffnung an d'Gebuert vun den dräi klenge Geparden gesat, déi per Cesarienne an engem Naturreservat op d'Welt koumen. D'Hoffnung war et, duerch si kënnen d'Populatioun ze stabiliséieren.

Fréier hunn dës Déieren, déi als séierst Landdéiere vun der Welt gëllen, an enger Regioun ëstlech vun Indien bis zu der Atlantikküst vum Senegal gelieft. Haut si se nach am südlechen Afrika a fräier Natur ze fannen, an Nordafrika an Asien si se awer bal komplett verschwonnen.