Verschidde Stied an der Regioun hu Problemer mat de Villercher, well se vill Knascht a vill Kaméidi maachen.
Zanter Ufank Februar huet zum Beispill d'Stad Kellinghusen nees e Falkner engagéiert, deen dräi Mol an der Woch mat sengen Déieren an d'Klengstad un der Eider kënnt, fir do géint d'Kuebe virzegoen.
Dëse System huet sech den Autoritéiten no scho bewäert, well ee schonn zanter dräi Joer Falken a Bussaren asetzt. "D'Mesurë [...] féieren op d'mannst dozou, datt d'Zuel vun den Näschter an de leschte Joren net geklommen ass," esou eng Spriecherin vun der Gemeng.
Den Hierschtkueb, dee vun dëser Mesure haaptsächlech viséiert ass, gehéiert an Däitschland zu de besonnesch geschützten Déieren. En Dierf net gejot ginn an och verdreiwen dierf een e just ënner ganz strengen Oplagen a mat Geneemegungen.