Hien ass kleng, e bëssen iwwergewiichteg a lieft op der Strooss. De Gacek, e Kueder a Polen, dee scho bal de Promi-Status erreecht huet.

A beschter Lag, net wäit ewech vum Zentrum, fënnt een de Gacek a sengem klengen Haischen – versuergt mat waarmen Decken an Iessen. D’Awunner an d’Geschäftsleit vun der polnescher Stad Szczecin këmmere sech gär ëm hire pelzegen Noper, och schonn éiert hien eng Touristenattraktioun ginn ass. "Kolleege vu Warschau hu mir vum Gacek erzielt, si hu mir en Artikel geschéckt an elo sinn ech hei", esou d’Aleksandra Jankowska, déi zwar zu Szczecin wunnt, ma de klenge Star nach net kannt huet. Zanter 7 Joer hält hie sech an der selwechter Strooss op, an enger Stad, déi eigentlech fir hiert Schlass, de Nationalmusée oder hire Naturpark bekannt ass. Elo zitt de Kueder d’Visiteuren un.

Ugefaangen huet et mat engem lokalen Noriichtesender, deen e Video vum Gacek gemaach huet. Lues a lues hunn ëmmer méi Leit de flauschege Kueder besicht, sou dass seng Adress an der Kaszubska Strooss haut souguer als Attraktioun op Google Maps markéiert ass. Mat ronn 1.700 Bewäertungen – 5 Stären natierlech. Och wann dës warscheinlech net ganz eescht ze huele sinn, sou ass den Effekt vum Gacek op den Tourismus reell, erkläert de Szymon Maksymiuk vum Touristeninformatiounszentrum: "Do war zum Beispill e Mann aus Norwegen, deen huet behaapt, dass de Gacek hien dozou beweegt hätt, d’Stad ze besichen."

Op Instagram huet hie méi wéi 22.000 Follower, a ronn 90.000 Likes op engem TikTok Video. Mä d’Bekanntheet bréngt och seng negativ Säite mat sech – nämlech ze vill Leckerlis. "Dass hien op eemol esou berüümt ass, ass schéin. Dass e gefiddert gëtt, manner. Hien huet Iwwergewiicht, well hie schonn eng Zäitche bekannt ass an d’Leit kommen an him z'iesse ginn. Obesitéit bei Kaze ka vill negativ Niewewierkunge matsechbréngen", erkläert de Veterinär Pawel Niejadlik.

Hoffe mer also, dass de Gacek eis nach laang erhale bleift. A wien elo Matleed mam Kueder huet, well hien op der Strooss lieft: de Gacek huet et scho mol bei enger Famill versicht, mä et war einfach näischt fir hien. Dobausse fillt hie sech am wuelsten.