Zeebra "Sero" op Entdeckungstour zu Seoul

© AFP/Handout
E jonken Zeebra, dee wuel méi vun der Welt gesi wollt, hat en Donneschdeg fir vill Opmierksamkeet gesuergt, wéi en duerch d'Stroosse vu Seoul gewandert ass
Den 3 Joer ale "Sero" aus engem Zoo zu Seoul hat sech en Donneschdeg duerch d'Bascht an op de Wee duerch d'Stroosse vun der südkoreanescher Haaptstad gemaach. Mat sengen Eskapaden huet den Hengscht d'Häerz vun den Internet-User bannent kuerzer Zäit eruewert.
Dräi Stonne laang war den Zeebra "Sero" op der Flucht an ass tëscht Autoen duerch Seoul getrappt, éier hie vun Zoo-Mataarbechter agefaangen a gedéit konnt ginn. E Freideg huet den Déierepark vu Seoul dunn Entwarnung ginn, de "Sero" wier rëm zréck am Zoo an et géing him gutt goen.
Bannent kuerzer Zäit ware Videoen a Fotoen duerch den Internet gaangen, déi dat gesträift Déier op sengem Entdeckungstour weisen.
Den Zoo huet weider preziséiert, datt de "Sero" e richtege "Muttersöhnchen" wier, deen den Doud vu senger Mamm virun dräi Joer an dee vu sengem Papp ni iwwerwonnen hätt. Schonn am Januar hat den Déierepark e Video gepost, an deem erkläert gëtt, datt de jonken Zeebra zanter dem Doud vu sengem Elteren verhalensopfälleg wier. "Hie wollt net méi a säi Park zréckgoen an huet souguer Sträit mat engem Känguru ugefaangen".