Véier Gepard-Bëbeeën an Indien gebuer

© AFP Archivbild
Eng aus Namibia ugesidelt Gepardin huet an Indien elo véier Klenger kritt.
Den indesche Regierungschef Narendra Modi huet dës "wonnerbar Noriicht" e Mëttwoch op Twitter matgedeelt. Den Ëmweltminister Bhupender Yadav huet d'Gebuert e "monumentaalt Evenement" genannt.
Indesche Medieberichter no soll och eng zweet Gepard-Damm aus Namibia geschwënn Nowuess kréien. An Indien gëlle Geparden zanter 1952 als ausgestuerwen.
D'lescht Joer goufen als Deel vun engem ambitionéierten Neesusiidlungsprogramm aacht Geparden aus Namibia an Indien importéiert. Eent vun den Déieren ass virun e puer Deeg nom Auswëlderen am Kuno-Nationalpark, südlech vun Nei Delhi, un Niereversoe gestuerwen.
Am Februar sinn nach emol 12 Geparden aus Südafrika an Indien ukomm. Am Ganze sollen déi nächst 10 Joer 100 weider Déieren an Indien eriwwersidelen, och wa Kritiker Angscht hunn, dass d'Geparde sech am neien indesche Liewensraum nëmme schwéier aklimatiséieren an hinne Leoparden d'Fudder am Nationalpark ofhuele kéinten.
Asiatesch Geparde sti virum Ausstierwen, global gëlle Geparden awer als "menacéiert". Nëmmen nach ongeféier 7.000 vun hinne liewe Schätzungen no a fräier Natur, déi meescht vun hinnen an Afrika.