Zanter e puer Deeg suergt e Biber an de sozialen Netzwierker fir e Laachen an engem ganz eeschten Ëmfeld.

An engem éischte Video gesäit een en ukraineschen Zaldot an engem Schützegruef. Am Grapp, de Schwanz vun engem nawell zolitte Biber. Hie probéiert en aus dem Gruef eraus ze zéien, ouni Succès. De Biber rennt nees no vir a schnaapt och nach nom Been vum Zaldot, deen e wollt aus sengem "Doheem" zéien. Do leeft d'Déier dann och nees zeréck.

Zweete Versuch...

Op engem anere Video quasi de selwechten Zenario. Ma och den zweete Versich vun den Zaldoten, de Biber aus dem Schützegruef ze kréien, mëssgléckt. "Et mierkt een him un, dass hien Ukrainer ass, hie verdeedegt säi Land bis zum Schluss", heescht et an engem Kommentar ënnert dem Video op Twitter.

Ob de Video echt ass, konnt nach net confirméiert ginn. Och den Zäitpunkt vun den Opnamen ass onkloer.