Wann de Mupp d'Réng bréngt

Wäiss Dauwen oder eng Päerdskutsch sinn zanter Joren e beléift Hochzäitsbild. Ëmmer méi am Trend sinn déi eege Pelznuesen um schéinsten Dag am Liewen.
De Mupp mam Kierfchen an der Schnuff, deen d’Réng wärend der Zeremonie bréngt oder och emol eng Kaz, déi mat de Blummemeedercher tëscht de Gäscht eropgeet - en Evenement, dat esou séier kee vergësst.
Wat sech schéin unhéiert, bedeit fir sensibel an ängschtlech Véierbeener awer dacks just Stress. Fir Koppelen, déi hiert Hausdéier trotz sensibelem Charakter mat abezéie wëllen, ginn et awer eng Partie Méiglechkeeten. Trotzdeem soll op d’Reaktioune vum Déier Récksiicht geholl ginn. Sinn d’Meeschteren opgereegt, ass de beschte Frënd vum Mënsch et och. Virun allem beim Feieren a bei de Gäscht sinn d’Pelznuese vill Stress ausgesat.
Soll d’Déier de ganzen Dag dobäi sinn, muss och no der Betreiung an der Versuergung vum Déier gekuckt ginn. Et muss also eng Persoun sech ëm de Véierbeener këmmeren, wann d’Koppel mat anere Saache beschäftegt ass. Fillt sech d’Déier net wuel op der Hochzäit, muss et ausserdeem eng Plaz ginn, wou et sech zréckzéie kann.
Decidéiert sech d’Brautkoppel fir Déieren op der Hochzäit, muss sech och iwwer d’Allergien an d’Ängschte vun hire Gäscht informéiert ginn. Am Beschte steet schonn op der Invitatioun drop, ob Déieren dobäi sinn. Hei spillt och d’Gréisst, respektiv bei Hënn d’Rass eng Roll. Eventuell kéint och d’Fro opkommen, ob aner Gäscht hir Déiere matbréngen dierfen. Och dat soll gutt iwwerluecht ginn. Ass dat anert Déier sensibel oder ängschtlech a verdréit et sech mat deem eegenen Déier? A wie këmmert sech ëm d’Déieren iwwert den Dag?
Net all Déier ass d’selwecht
Hochzäit mat Hond
Et gi vill Méiglechkeeten, Hënn mat an d’Feier anzebannen, ma och hei sollt d’Aufgab op de Charakter an d’Fäegkeete vum Mupp ofgestëmmt ginn. Verschidde Muppe kënne Konschtstécker virféieren, woubäi séchergestallt sollt ginn, datt de Véierbeener och viru grousse Mënschemasse roueg a konzentréiert bleiwe kann. Eng beléift Iddi ass, de Mupp d’Réng bei den Altor bréngen ze loossen. Dofir kann een e Këssen um Halsband oder um Réck vum Hond festmaachen oder en e Kierfchen an der Schnuff droe loossen. Dëst sollt awer am Viraus mam Déier getest ginn, well net all Pelznues gäre Geschier oder Accessoiren undeet.
Hochzäit mat Kaz
Kaze sinn dacks net esou kooperativ wéi Muppen, wouduerch si sech net esou einfach an d’Hochzäitsfeier integréiere loossen. Amplaz de Véierbeener dowéinst dem Stress vun enger Hochzäit auszesetzen, kann eng Kaz gutt bei de Preparatiounen um Hochzäitsdag dobäi sinn. Esou kann d’Kaz maachen, wat si wëll, bleift an hirem gewinnten Ëmfeld a kënnt trotzdeem mat op d’Hochzäitsfotoen. Kaze kënnen iwwerdeem och gutt an e Foto-Shooting integréiert ginn. Huet een zum Beispill e Gaart, brauch d’Déier och néierens hin transportéiert ze ginn.
Päerdskutsch als Transportmëttel
Fir vill Romantiker gehéiert d’Faart an enger Päerdskutsch zu enger Hochzäit dozou. Ma en Ënnerdaach fir d’Déieren an d’Betreiung sinn dacks net ganz onproblematesch. Donieft geschéien ëmmer erëm Accidenter mat Päerdskutschen, well d’Päerd erschrecken an d’Kutschen dacks net gutt geséchert sinn. Doriwwer eraus sollt sech och iwwert d’Haltung vun den Déieren informéiert ginn. Virun allem fir kommerziell Zwecker gi vill Päerd net gutt gehalen a gequäält. Aner beléift Transportmëttel sinn Oldtimer oder och emol eng romantesch Vespa.
Dauwen als Symbol vu Fridden an Trei fléie loossen
Dauwen no der Hochzäit fléie loossen, ass fir d’Vigel selwer alles anescht wéi friddlech. Déi speziell geziicht wäiss Dauwe gi fir hire groussen Optrëtt aus hirem Doheem geholl a vun hirem Partner getrennt. Um Dag vun der Feier mussen d’Déieren a Käfeger a Boxe waarden, bis se fräigelooss ginn. Ma well d’Dauwen op enger friemer Plaz sinn, fanne vill vun hinnen ni méi Heem.
Vill Leit decidéiere sech dofir fir Päiperleken, ma och dat ass net manner bedenklech. Déi faarweg Pimpampele sinn de ganzen Dag an enger Box agespaart a ginn dacks erofgekillt, wat verschiddener net iwwerliewen. Schéin Alternativen dofir sinn d’Bléie vu Blummen oder Seefeblosen.
Alpakaen a Lamaen ëmmer méi beléift
Ëmmer méi am Trend sinn iwwerdeem och déi muusseg Alpakaen oder Lamaen. Ma och dëst Fotomodel ass éischter e rouegt an introvertéiert Déier. Déi vill Gäscht op enger Hochzäit kënnen d’Alpakaen a Lamae ënner vill Stress setzen. Donieft brauchen och si eng Wiss, op där si stoe kënnen a versuergt sinn. Eng gutt Alternativ ass et, un engem separaten Dag just als Koppel Fotoen op engem Alpaka- oder Lamahaff ze maachen.
Déierewuel am Vierdergrond
Decidéiert ee sech fir Déieren op der Hochzäit, muss d’Wuel vun dëse beim allem op éischter Plaz stoen. Deemno sollt et ëmmer e Plang B ginn, wann de Stress fir d’Pelznuesen ze grouss gëtt. Och wa wärend de Prouwen alles geklappt huet, kann et sinn, datt d’Hochzäit ze vill fir d’Déier ass. Fir dee Fall sollt eng Persoun zur Verfügung stoen, déi sech ëm de Libling këmmert.
Och beim Choix vu gelounten Déiere muss opgepasst ginn. Net iwwerall gëtt d’Wuel vum Déier grouss geschriwwen an et wëll een um schéinsten Dag vum Liewe keng Déierequälerei ënnerstëtzen.
Déierefrënn, déi keng lieweg Pelznues op der Feier abanne wëllen, kënnen hir Léift zu den Déieren och iwwert de Kuch oder als Dekoratioun ausdrécken.