E Storch als Bäifuerer? Fra mellt skurril Entdeckung
All Fréijoer kommen Zuchvigel zréck an Europa, fir Näschter ze bauen an hir Eeër ze bréien. Wat si net maachen: Autofueren - och net als Bäifuerer
An Oberbayern gouf d'Police op en Asaz geruff, well eng Fra um Bäifuerersëtz vun engem Auto e Storch gesinn huet an dovun ausgaangen ass, datt et ee vun de Storchen aus engem Weier an der Géigend wier, wou aktuell eng Koppel bréit.
Hir Angscht: Datt d'Weibchen eleng um Nascht sëtzt - ouni hire Partner, dee si mam néidege Fudder versuergt. Eng onbegrënnt Suerg, wéi d'Police festgestallt huet. De Bäifuerer vum gemellten Auto war nämlech e preparéiert Déier, dat vun engem Veräin, dee sech fir Vigel interesséiert, ausgeléint gouf. D'Déier wier awer effektiv op den éischte Bléck net vun engem liewege Storch z'ënnerscheede gewiescht.
"Et bleift festzehalen, datt de Storchepapp déi ganz Opreegung relativ wéineg gestéiert huet, huet hien dach och um Pappendag seng Storchefamill weiderhi mat genuch Fudder versuergt", heescht et an der Meldung vun der Police.