Nëmmen e puer Stonnen no der Gebuert vu véier Léiwen am Déierepark zu Nürnberg war ee vun de Klenge gestuerwen. Déi aner dräi goufe vun der Mamm gefriess.

D'lescht Woch huet d'Léiwin Aarany véier Klenger am Déierepark zu Nürnberg op d'Welt bruecht. E puer Stonnen no der Gebuert war schonn ee vun de Klenge gestuerwen. Warscheinlech war d'Long vum jonken Déier nach net ganz entwéckelt gewiescht. Unzeechen op eng Infektioun goufen net festgestallt, wéi den Déierepark matgedeelt huet.

Kuerz drop huet d'Aarany déi dräi aner Kleng gefriess. Wat sech schlëmm unhéiert, soll dem Veterinär vum Park, dem Hermann Will, no keen ongewéinlecht Verhale fir Léiwe sinn. "Bei hirem éischte Worf ass eng Léiwin nach onerfueren. Si muss fir d'éischt léieren, wéi ee Klenger grousszitt. Dowéinst kënnt et méi dacks vir, datt bei Mammen, déi fir d'éischt Kéier Klenger op d'Welt bruecht hunn, et mam Nowuess net klappt."

D'Aarany an de Papp vun de klenge Léiwen, de Kiron, gehéiere béid zu der Ënneraart vun den Asiatesche Léiwen, och Panthera leo persica genannt. Dës stinn op der Rouder Lëscht vun de vum Ausstierwe menacéierten Déieren. Am Fräie kommen Asiatesch Léiwen nëmmen nach an engem Nationalpark an Indien vir, wou ronn 630 Exemplaire liewen. Den Déierepark vun Nürnberg betount dowéinst, datt d'Reservepopulatiounen an Zooen eng grouss Roll fir d'Erhale vun den Déiere spillen. Aus deem Grond hofft een zu Nürnberg, datt et an Zukunft awer nach mam Nowuess klappt.