Zanter dësem Weekend huet de CGDIS zwee Membere méi: D'Muppen Alpha an Elmo vum Groupe cynotechnique hu béid hir Exame gepackt a si prett fir den Déngscht.

Wéi de CGDIS op senger Facebooksäit schreift, huet d'Alpha säin Trümmerexame bestanen, den Elmo war erfollegräich a sengem éischte Flächenexamen.