Am éisträichesche Land Salzburg koum et Ufank der Woch zu engem Zuchaccident, deen ee Brongbier d'Liewe kascht huet.

En Dënschdeg de Moie gouf op den Zuchgleiser tëscht Schwarzach a Lend ee männleche Brongbier fonnt, dee wuel an der Nuecht vun engem Zuch erfaasst gi war. Zwee Maschiniste vum Zuchbetrib ÖBB haten der Police dat doudegt Déier op de Schinne gemellt. Den Zuchverkéier gouf vum Tëschefall awer net beanträchtegt.

Dem Responsabele fir d'Bierepopulatioun no weisen dem Déier seng schwéier Verletzungen drop hin, datt wuel keng aner Doudesursaach wéi eng Kollisioun mam Zuch a Fro kënnt. Dem Bier säin hënnescht Been war ofgetrennt an en hat schwéier Blessuren um Kapp. Dem ORF sot de Bierenexpert, et wier wuel nach een éischter Jonkt Déier gewiescht, dat eng 100 Kilo op d'Wo bruecht huet.

Fir d'Doudesursaach awer zweiwelsfräi festzestellen, gëtt de Brongbier elo op Wien an d'Forschungsinstitut für Wildtierkunde bruecht an do obduzéiert. En DNA-Test soll iwwerdeems klären, wou de Bier ursprénglech hierkënnt an op d'Déier schonn emol registréiert gouf. An de leschte Jore solle sech tëscht zwee a véier Bieren op d'mannst zäitweis an Éisträich opgehalen hunn. Biere stinn an Éisträich ënner strengem Schutz an dierfen net ofgeschoss ginn.