Eigentlech si Kiwien nuetsaktiv Vullen, ma am Zoo zu Miami kënne Visiteuren d'Déier fir 20 Dollar heemelen a Selfië mat em maachen. Eng bedenklech Aktioun.

An Neiséiland hu sech Déierefrënn Suergen iwwer d'Behandlung an d'Wuelbefanne vun engem Nationalvull an engem Déierepark an den USA gemaach an dowéinst en Dënschdeg d'Petitioun "Rett dëse mësshandelte Kiwi" lancéiert. Bis ewell konnte Visiteuren nämlech fir 20 Dollar dat nuetsaktiivt Déier bei heller Luucht heemelen a Selfië mat em maachen.

Nodeems d'Videoen, op deenen d'Visiteure mam Vull ze gesi sinn, fir vill Opreegung gesuergt hunn, huet den US-Déierepark sech elo "fir de Stress" entschëllegt. Nodréiglech gekuckt wieren d'Begéinunge mam Kiwi "net gutt iwwerluecht gewiescht", virun allem mat Bléck op déi national Symbolik vum ikoneschen Déier, heescht et an enger Erklärung vum Zoo.

Donieft seet den Déierepark den Neiséilänner Merci fir hir "Suerg, Léift a Leidenschaft fir dëse bemierkenswäerte Vull". Den Zoo géing lo e speziellen natierleche Liewensraum fir de "Paora" schafen, fir him "weiderhin de Schutz ze bidden, deen e braucht, a gläichzäiteg seng natierlech Instinkter ze respektéieren an z'ënnerstëtzen.

@bunn_l they should focus on his welfare before his instagram presence. #newzealand #nz #kiwi ♬ original sound - bunni

De Kiwi ass e Villchen, deen net fléie kann, an nëmmen an Neiséiland heemesch ass. Virun allem ass et awer en nuetsaktiivt Déier. Aus deem Grond hate sech eng Partie Déierefrënn aus Neiséiland Suergen ëm de "Paora" gemaach an d'Online-Petitioun mam Titel "Rett dëse mësshandelte Kiwi" gestart.

De "Paora" war 2019 am Kader vun engem Kontrakt tëscht dem Smithsonian National Zoo an der neiséilännescher Regierung als Ee an den Zoo vu Miami geschéckt ginn. "Hie gouf gezäämt an ass véier Deeg d'Woch heller Neonluucht ausgesat, gëtt vun Dosende Friemen ugepak, an u sengem sensibelem Baart geheemelt, ausgelaacht a wéi Spillgezei presentéiert", heescht et an der Petitioun. D'Organisateuren hunn eegenen Informatiounen no dorop gehofft, datt eng Analys iwwer d'Behandlung vum Vull ageleet an hien op eng méi gëeegent Plaz ëmgesidelt gëtt. "Kiwie sinn eis kostbar Schätz, net d'Spillsaach vun Amerika", heescht et weider.

Ganz markant un de Kiwie sinn hir Fiederen, déi wéi e Pelz ausgesinn, hir staark Been mat grouss Féiss a spatze Krallen, klenge Flilleken an engem laange Schniewel. D'Neiséilänner sinn immens houfereg op de spezielle Villchen, dee si als Nationalsymbol ugesinn. D'Kiwie stinn donieft och als "menacéiert" op der Rouder Lëscht vun der Weltnaturschutunioun (IUCN).