Zu Cannes gëtt et nees gëlle Palme fir déi Bescht aus der Filmwelt.

E Freideg gouf et beim Filmfestival vu Cannes schonn d'Éierung fir e Véierbeener: De Border Collie "Messi" ass fir seng Roll als "Snoop" am Film"Anatomy of a Fall" mam Präis Palm Dog als beschte Filmhond geéiert ginn.

"De 'Snoop' spillt eng wesentlech Roll bei der Handlung an huet d'Jury besonnesch mat enger dramatescher Zeen beandrockt, an där hien iwwerzeegend eng Krankheet virgetäuscht huet", sou d'Organisateure vum Filmfestival.

De Film "Anatomy of a Fall" vun der franséische Regisseurin Justine Triet a mat der däitscher Schauspillerin Sandra Hüller an enger vun den Haaptrollen ass ee vun de Favoritte fir d'Éierung mat der gëllener Palm e Samschdeg.