An Niedersachsen wollt e Mann säi Mupp am Déierenasyl ofginn, nodeems d'Déier 2 Mol eng Persoun gebass huet. Bei der Ofso ass de Mann duerchgedréint.

D'Déierenasyl vu Bergedorf huet d'lescht Woch iwwer Instagram op eng Problematik opmierksam gemaach, mat där Asyler wuel méi dacks konfrontéiert sinn: Déierebesëtzer, déi een Nee net akzeptéiere kënnen an hir Responsabilitéit géigeniwwer vun hirer Pelznues dacks ënnerschätzen.

Leschten Donneschdeg huet eng Fra beim Déierenasyl Bergedorf ugeruff, déi hire Familljemupp ofgi wéilt. Well d'Asyl awer am Moment ëmgebaut gëtt, sinn d'Capacitéite limitéiert an et ginn aktuell keng privat Déieren opgeholl. D'Fra war zwar net begeeschtert iwwer d'Äntwert, huet sech awer virop emol domat zefridde ginn. Kuerz drop huet e Mann, wuel de Familljepapp, probéiert, den Hond bei der Police ofzeginn. Ma och dës huet op d'Déierenasyl verwisen.

De Mann wollt d'Ofso awer einfach net agesinn, an ass perséinlech bei d'Déierenasyl gefuer. "Haut stoung hien op eisem Haff, fir eis arieden ze wëllen, datt eis Permanence vu gëschter Owend him gesot hätt, hien dierft en haut ofgi kommen. An d'Spill mat der Menace goung weider", schreift d'Asyl weider op Instagram. Wann d'Déierenasyl säin Hond net ophëlt, kéint hien och "d'Aaxt siche goen", soll de Besëtzer gedreet hunn.

Fir d'Mataarbechter vum Déierenasyl eng Aktioun, déi einfach net ze verstoen ass. "Mir wëllen däitlech maachen, datt keen ausser de Proprietären d'Responsabilitéit fir en Déier hunn", betount d'Asyl nach am Post. Wann ee sech e Mupp uschaaft, muss een och d'Verantwortung fir säi Feelverhalen droen. An esou emotional Erpressunge wiere keen Eenzelfall.