Eng ongewéinlech Rettungskatioun gouf et de Weekend an der Géigend vun der Autobunn, Héicht Mënsbech. E Mupp war do fortgelaf, ee mat extremer Angscht.

E Samschdeg am Nomëtteg hat sech de wäisse Schéiferhond a Panik an der Industriezon zu Mënsbech ewechgemaach. Fir de Besëtzer wuel dat Schlëmmst, wat geschéie konnt, d'Elfi ass nämlech en Angschthond. Fäert souguer aner Hënn.

De Problem: net wäit vun do ewech ass net just d'Tréierer A1, ma och nach eng Zuchstreck. D'Gefor, dass der Muppendamm eppes geschitt oder nach engem Automobilist op der Autobunn, war deementspriechend grouss.

D'Organisatioun Sichhënn.lu gouf mam Fall befaasst, déi keng Ustrengung gescheit hunn fir de ganze Weekend nom Elfie ze sichen. Ma leider war de ganzen Areal ze grouss. Mat Hëllef vun Zeien, enger engagéierter Mataarbechterin vum Ponts et Chaussées an um Enn enger Damm, déi d'Elfie e Méindeg de Moien endlech agefaange krut, konnt déi aussergewéinlech Sichaktioun ofgeschloss ginn.

Dem Elfie ass näischt Schlëmmeres geschitt, ausser bluddeg Patten, well et aus Panik ze vill hin an hier gelaf ass.