Ënner grousse Protester
Japan huet mat der Juegdsaison op Delfinen ugefaangen

© AFP
De Startschoss zu dëser net onëmstriddener Praxis gouf vu grousse Protester vun Déiereschützer begleet.
Am Duerf Taiji, wat bekannt ass fir de Walfang, hat sech eng Grupp japanesch Aktivisten un der Bucht afonnt, dat zesumme mat anere weltwäit bekannte Géigner vun der Juegd op Delfinen, wéi dem US-Amerikaner Richard O'Barry.
Si hu gefuerdert, datt "d'Schluechte" an d'Dreifjuegd zu Taiji op en Enn komme missten. Kritik gëtt et och un all den Delfinarien, also déi Plazen, wou Delfinen a Walen a Gefaangenschaft liewen, well dës d'Juegd op Déieren ënnerstëtzen, andeem se d'Fëscher fir hiert Verhale bezuelen.
Am meeschte gelies