Wéi geet et dem Kéiseker?

© unsplash.com
Zu Lëtzebuerg kenne mir eng Zort vu Kéiseker, den europäeschen Igel. Dat Däreldéier, dat eleng ënnerwee ass, kann a Fräiheet bis zu 7 Joer al ginn.
De Kéiseker gesäit net gutt, ma richt dofir besser. Seng Hoer si Stachelen, eng 6.000-8.000 Stéck, déi mat Keratin verstäerkt sinn, fir sech géint natierlech Feinden ze schützen. Ma och déi vill Stachele kënnen net verhënneren, datt et dem Igel ëmmer manner gutt geet. Mir hunn nogefrot bei Natur an Ëmwelt, wat dann deem klenge Kärel ze schafe mécht.

© unsplash.com
Et gi keng Zuele fir Lëtzebuerg, wéi vill Kéiseker mir hunn oder net méi hunn. Ma europawäit gesäit een allgemeng e Réckgang bei den Igelbestänn, wéi d'Lieke Mevis erkläert: "An d'Experte schénge sech och iwwerall eens ze sinn, datt et haaptsächlech domat ze dinn huet: Mir bauen ëmmer méi, mir bauen ëmmer méi Stroossen; an dat ass och nach ëmmer eng vun den Haaptdoudesursaache beim Igel, de Stroosseverkéier an den Habitatverloscht. Dat heescht, e fënnt keng Plaz méi, fir sech ze verstoppen an e fënnt näischt méi ze friessen."
Aner Mamendéiere lafe fort bei enger Gefor. Den Igel net, hie rullt sech dann zesummen. Bei groussen Déiere klappt dat och, well dës net wëlle gepickt ginn, mä den Auto fiert einfach driwwer an da stierft en. A genee dat ass och de Probleem beim Méiroboter, e weidere Feind vum Kéiseker. "Do ass et den nämmlechte Probleem, wann déi Méimaschinn op hien duerkënnt, da gesäit hien zwar d'Gefor, mä hien huet net de Reflex, dann aus de Féiss ze goen oder fortzelafen, mä e rullt sech zesummen."

© pixabay.com
De Méiroboter gëtt gären owes oder an der Nuecht lafe gelooss a well de Kéiseker en Déier ass, dat dämmerungs- an nuetsaktiv ass, kommen déi zwee schlecht laanschteneen. Dofir "wann een dem Igel wëll eppes Guddes doen, da soll een entweder ganz op de Méiroboter verzichten oder ëm Gottes Wëllen esou astellen, datt en net nuets leeft."
Lues a sécher geet d'Saison elo un, wou sech den Igel op de Wanter ufänkt ze preparéieren. Dofir kann et sinn, datt een der méi gesäit. E muss sech Fett ufriessen, fir de Wanterschlof bis zu 5 Méint ze iwwerliewen. Säi Liiblingsmenü: Insekten a Schleeken. "An do ass eben de Probleem, datt et där engersäits ëmmer manner gëtt an datt Leit trotzdeem nach ëmmer ze vill Pestizide asetzen an hien op déi Aart a Weis, entweeder keng fënnt, well si futti sinn oder wann en nach méi Pech huet, e frësst dës Déieren, déi vergëft sinn an da vergëft e sech indirekt mat."

© pixabay.com
Schéi gestylte Gäert oder Schottergäert sinn och Gëft fir d'Däreldéier. "Do fënnt en einfach näischt méi ze friessen an dat ass awer och de Probleem fir all aner Déiere ronderëm d'Haus. Wa just nach Steng do sinn a keng Bléieplanz, dann ass keng Plaz fir Insekten, ass keng Plaz fir Villercher an ass keng Plaz fir Mamendéieren."
Wat maachen, wann een e Kéiseker gesäit? Wann e gesond ass, d'Déier a Rou loossen. Wann een awer mierkt, datt et him net gutt geet, da soll een hëllefen. "Wann een elo mierkt, et geet op de Wanter zou, et fänkt u kal ze ginn an den Igel ass wierklech nach ze liicht, ze kleng oder gesäit ënnererniert aus, an deem Moment soll een och net probéieren, e selwer opzepäppelen, do ass et besser, et bréngt een en an d'Opfänkstatioun, do wëssen d'Leit och, wéi se mat deene wëllen Déiere mussen ëmgoen."
Lais, Fléi a Bëschzecke sinn och dacks op Igelen ze fannen, dat ass normal, awer "e kranken Igel huet einfach vill vill méi, Dat heescht, wat se méi schwaach sinn, wat se sech selwer manner gutt kënne propper halen, wat se där méi hunn. Wann ee lo wierklech e geschwächte kranken Igel fënnt, ass et och besser, et packt een e mat Händschen un."

© unsplash.com