Trotz Kontrolle goufen Hënn bei héijen Temperaturen am Auto sëtze gelooss
Ronn 4.000 Hënn mat hire Meeschteren aus 27 Länner hunn de Weekend un der internationaler Dog Show deelgeholl.
Trotz méi engem strenge Reglement goufen et Fäll, an deenen d'Déierewuel net respektéiert ginn ass. Eng Dog Show op engem waarme Weekend an e Parking, dee gutt gefëllt ass an den Autoen a Camionnette kee Schied bitt – do si Fäll vu Verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz a géint d'Reglement vum Organisateur virprogramméiert. D'Fédération Cynologique huet hir Reegelen nom Virfall 2018, wou d'Show ofgesot gi war, well eng Persoun Hënn am Auto sëtze gelooss hat, iwwerschafft an deels verschäerft – agehale gi se awer net vun all de Participanten. D'Muppe sëtzen dacks hanner getéinte Fënsteren, fir dass ee se net gesäit.
Um Parking wier näischt gewiescht, huet d'Vertriederin vun der Veterinärsinspektioun eis e Samschdeg de Mëtteg erkläert. Si war mat 6 Leit vun der Douane ënnerwee, fir Kontrollen ze maachen. Ee Verstouss war eis par conter um Parking opgefall, wou zwee Hënn an enger Camionnette agespaart waren a gebillt hunn.
Ze kleng Käfeger
Och dëst Joer wieren hir Käfeger opgefall, déi net grouss genuch wieren, sou d'Berit Majeres vun der Veterinärsinspektioun. Et wier awer net méi esou uerg ewéi fréier gewiescht – et schwätzt sech erëm, dass Lëtzebuerg méi streng ass op senger Show, erkläert eis och den Organisateur a President vun der FCL Raymond Jung. Een, deen trotz Opfuerderung net reagéiert a seng Hënn am Auto léist, dierft och d'nächst Joer net méi un der Dog Show deelhuelen.
Trotz Kontrolle goufen och e Sonndeg Hënn am Autoe sëtze gelooss
D'Presenz vum Sécherheetspersonal, déi iwwer de Parking patrulléiert sinn, goung definitiv net duer, well och e Sonndeg erëm Fäll notéiert goufen. Op de Parkingen Nord a Sud. D'Kontrolle goufen och just vun zwou Persoune gemaach. Den zweeten Dag vun der Dog Show waren och weder Douane nach Veterinärsinspektioun op der Plaz.