D'Organisatioun "African Parks" huet dësen Projet fir d'Zuucht, deen als dee gréisste vun der Welt gëllt, opkaf.

Domadder wëlle si an den nächsten 10 Joer 2.000 Breetmaul-Nashörner nees an d'Natur bréngen. Ënn Abrëll hat den John Hume säi Projet "Platinum Rhino" versteet. Um 8.500 Hektar groussen Terrain liewen 2.000 Breetmaul-Nashörner, dat si ronn 12 Prozent vun all den Déiere vun dëser menacéierter Spezies, déi et nach op der Welt ginn.

Direkt no der Auktioun gouf et keng Informatioun, ob iwwerhaapt een de Projet kaf huet. Den Hume, haut e Mann vun 81 Joer, huet 30 Joer laang d'Déiere, déi een am engleschen "White Rhino nennt, geziicht. Säin Zil war eegenen Aussoen no, fir dogéint virzegoen, datt et ëmmer manner vun där Zort Nashörner an Afrika gëtt.

Vun African Parks heescht et elo, datt een den Zuchtprogramm géif auslafe loossen, esoubal een all d'Déieren an d'Fräiheet entlooss hätt. Et wéilt ee mat Regierungen, Finanzpartner an aneren Naturschutzorganisatiounen zesummeschaffen, fir d'Déieren a verschiddenen Naturschutzgebidder an Afrika auszewëlderen.