Autoritéiten iwwerpréiwe Vullegripp-Verdacht op de Galapagos-Inselen

© AFP Archivbild
Op de Galapagos-Insele koum et wuel zu engem Ausbroch vun der Vullegripp, nodeems am nërdlechen Deel vum Archipel e puer krank Vigel entdeckt goufen.
D'Gerance vum Galapagos-Nationalpark huet e Schëff bei d'Insel Genovesa geschéckt, fir "bei de Vigel Prouwen ze huelen an entspriechend Analysen duerchzeféieren", sou den Ëmweltministère e Sonndeg Lokalzäit. Och op der Insel Wolff sollen Ënnersichunge gemaach ginn. De Visiteure gouf vum Ministère geroden, sech vun de kranken Déieren ewechzehalen.
Op de Galapagos-Inselen, déi vun der Unesco wéinst hirer eenzegaarteger Flora a Fauna zum Weltnaturierwen erkläert goufen, fënnt een "ongeféier 78 endemesch (...) Vullenaarten, vun deene vill zur Narungssich un d'Küste vum Festland kommen", sou d'Erklärung vum Ministère. Bis ewell hat et am Ecuador kee Fall vun der Vullegripp ginn.
Zanter Ufank 2023 sinn un de Pazifikküste vu Peru, Argentinien, Brasilien a Chile dausend Déieren, dorënner Vigel, awer och Séiléiwen, un der Vullegripp gestuerwen.
De Vullegripp-Erreeger H5N1 betrëfft virun allem Vullen, kann a seelene Fäll awer och op Mamendéieren a Mënschen iwwerdroe ginn an da schwéier Erkrankungen ausléisen. Sou gouf de Krankheetserreeger scho bei Fiiss an Otteren a Groussbritannien, bei enger Kaz a Frankräich a bei Grizzlybieren an den USA nogewisen. Bei alle Mamendéieren gëtt vermutt, dass si virdrun infizéiert Vulle musse gefriess hunn.