An Neiséiland hu Fuerscher wuel d'Rätsel geléist, wisou bei de Gielae-Pinguine sou vill Jippelcher stierwen. Dës Aart ass esou scho staark menacéiert.

"Mir hunn zwee Vire fonnt, déi warscheinlech dofir verantwortlech sinn", sou d'Virologin Jemma Geoghegan géintiwwer der AFP. Déi déidlech Otemweeerkrankunge géife wuel vun engem neiaartege Gyrovirus an engem neiaartege Megrivirus ausgeléist ginn. Déiereschützer hoffen elo op en Impfstoff.

Déi an Neiséiland elo heemesch Gielae-Pinguine sinn un engem Band aus douce giele Plommen ëm d'Aen an um Hannerkapp z'erkennen. Si liewen a Kolonien am Südoste vun der neiséilännescher Insel op e puer subantarkteschen Inselen, wou si bréien.
D'Aart gëllt als staark menacéiert. Den neiséilänneschen Ëmweltministère schätzt, dass et just nach 2.400 ausgewuessen Exemplaire ginn. D'Populatioun um Festland ass Déiereschützer no zanter 2008 ëm 75% zeréckgaangen. De Pinguinen hir Feinde sinn Hënn, Kazen, Frettercher an aner Marderen u Land souwéi Barracudaen am Mier. Ma och de Klimawandel un Infektionskrankheete setzen de scheien Eenzelgänger zou.

Déi nei Otemweeerkrankung gouf eng éischte Kéier 2019 bei Pinguinjippelcher entdeckt, déi an d'Klinik fir Wëlldéieren zu Dunedin bruecht goufen. "Si konnten hire Kapp net halen, hu gehouscht an hate glaseg Aen", sou d'Cheffin do, d'Lisa Argilla. Sämtlech Jippelcher mat Symptomer wiere gestuerwen. Et hätt een näischt kënne maachen, fir si ze retten.

D'Experte ginn dovun aus, dass wéinst béide Krankheeten zanterhier ongeféier 25% vun de Gielae-Jippelcher ëmkomm sinn. Dat si ronn 50 jonk Vigel d'Joer.

Mat Hëllef vu Vire-Sequenzen hätte béid neiaarteg Virus-Typpen als warscheinlech Ursaach konnten identifizéiert ginn. Elo misst weidergefuerscht ginn, fir erauszefannen, wéi een d'Krankheet verhënneren oder behandele kann. Bis dohi gi sämtlech frësch geschlüpfte Jippelcher aus de Kolonie geholl an an d'Déiereklinik bruecht, fir si virun enger Infektioun ze schützen. D'lescht Joer konnten esou 90% vun de Jippelcher gesond nees zeréckbruecht ginn. Iwwer 140 Jippelcher kruten esou eng zweet Chance. Wiere si am Nascht bliwwen, wiere si méi wéi sécher gestuerwen, sou d'Cheffin vun der Déiereklinik zu Dunedin.

Den Opwand esou ee Pinguinjippelchen opzezéien, wier enorm. All Dag misste bis zu 10 Leit an der Déiereklinik ageplangt ginn, déi bei de fënnef deegleche Moolzechten hëllefen. Et misst séier en Impfstoff fonnt ginn, sou d'Argilla, bis dohi kéint ee just "eenzel Vigel" retten an de Populatiounsréckgang "hoffentlech bremsen".