Schwan blockéiert Metro zu Hamburg
D'Linn 1 vun der Hamburger Metro ass en Dënschdeg e puer Minutte net gefuer, well e Schwan refuséiert huet, ënnert engem Zuch erauszekommen.
D'Déier hat eng gutt Stopp fonnt a wollt dës och net opginn. Dowéinst huet d'Hamburger Hochbahn decidéiert, fir d'Streck op der Linn 1 tëscht Ohlsdorf a Fuhlsbüttel Nord ze spären, bis datt dat stuert Déier aus de Féiss wier. Als Alternativ goufen d'Leit op Bussen a Taxien ëmgeleet. Et konnt een och net direkt soen, wéini een d'Streck kéint opmaachen, "dat hänkt virun allem vum Schwan of", esou de Bedreiwer op der Plattform "X".
Fir d'Déier sécher an ouni Tëschefall ënnert dem Zuch eraus a vun de Schinnen erof ze kréien, gouf den Olaf Nieß geruff, deen als "Hamburger Schwanenvater" bekannt ass. Him ass et gelongen, d'Déier ze iwwerzeegen, fir U1 nees fir d'Zich fräi ze maachen.
Den Nieß ass de Chef vun der "Zentralstelle Schwanenwesen" vun der Stad Hamburg.