Am Pazifik
Fuerscher geléngen Opname vu ganz seelenem Dumbo-Oktopus
Am déiwe Mier kënnt et dacks zu spontanen a ganz seelene Momenter.
Den Dumbo-Oktopus ass esou ee seelent Déier, ëmsou méi grouss war d'Begeeschterung vun de Fuerscher, déi de Bewunner am déiwe Mier reng zoufälleg gefilmt hunn.
Bei enger Expeditioun am pazifeschen Ozean hu si dëse Mieresbewunner entdeckt, an der Géigend vun Hawaii. Den Oktopus krut säin Numm wéinst senge fladderen Oueren, déi un e ganz bestëmmten Disney-Charakter erënneren, den Elefant Dumbo.
Am meeschte gelies