E Mëttwoch de Moie goung an Metro an der schweedescher Haaptstad stonnelaang näischt. De Grond fir den Ausfall war éischter ongewéinlech.

Een Elch hat e Mëttwoch de Moien decidéiert, ee klenge Spadséiergang ënnert de Stroosse vu Stockholm ze maachen. Wéi déi schweedesch Verkéiersagencen matgedeelt hunn, wier d'Déier virdrun iwwert eng Ofspärung gesprongen. Duerno ass den Elch an den Tunnellen tëscht véier Statiounen ronderëmgelaf, esou datt de Verkéier misst gestoppt ginn.

Polizisten, Jeeër a Metro-Mataarbechter waren am Asaz, fir den Elch aus dem Tunnel ze kréien. "Mir hu Lächer an d'Ofspärunge geschnidden, fir him een Auswee ze weisen, mee hie lauschtert net op eis", esou e Spriecher fir d'Verkéiersagence. Et wier schwéier gewiescht, well d'Déier iwwerall ronderëmgelaf wier a ganz séier gewiescht wier.

D'Geschicht hat leider keen Happy-End fir den Elch. Am Nomëtteg hu Jeeër d'Déier ofgeschoss. "Den Elch gouf vun de Schinne geraumt an de Verkéier kann nees weidergoen", esou de Spriecher.