Scho fir déi 11. Kéier huet de Schéiferhond Commander e Mataarbechter am Wäissen Haus gebass. Och säi Virgänger, de Major, war bësseg - a krut Hausverbuet.

Den Joe Biden a seng Fra Jill schéngen hiren Hond nach ëmmer net an de Grëff ze kréien. Nodeems US-Medie schonn e puer Mol gemellt hunn, datt de Schéiferhond ëmmer nees Mataarbechter am Wäissen Haus gebass hätt, huet et e Méindeg den Owend eng Mataarbechterin vum Geheimdéngscht getraff. No enger Behandlung vun engem Dokter soll et der Beamtin nees besser goen.

De Commander - grad ewéi säi Virgänger - gëllt als immens ugrëffeg. Schonn de leschten November koum ee Mataarbechter vum Secret Service an d'Spidol, nodeems de Mupp dësen an den Aarm an an d'Bee gebass hat. E puer Woche virdrun hat den Hond e weidere Beamten ugegraff, wärend d'First Lady Jill Biden mam Commander spadséiere war.

Nodeems sech iwwer de Mupp beschwéiert gouf, hat d'Spriecherin vun der Jill Biden probéiert d'Mataarbechter ze berouegen, an huet erkläert, datt dat Wäisst Haus och fir d'Déieren eng stresseg Plaz wier. "D'Presidentefamill schafft awer drun, et fir jidderee méi einfach ze maachen."

Ma schonn de Virgänger vum Commander de Major hat Schlagzeile gemaach, well et ëmmer rëm zu Virfäll koum, bei deene Mataarbechter vum Schéiferhond gebass gouf. Enn 2021 krut de Major dunn en Hausverbuet am Wäissen Haus a lieft elo haaptsächlech am Haus vun der Famill Biden zu Wilmington.