Nilpäerd vun Drogeboss Pablo Escobar gi steriliséiert

© Raul Arboleda / AFP
D'Initiativ vun der kolumbianescher Regierung, fir dem Nilpäerd-Problem Meeschter ze ginn, schléit mat 9.000 € pro Déier allerdéngs gutt an de Budget.
Wéinst der ongebremster Reproduktioun vum kolumbianeschen Drogeboss Pablo Escobar sengen Nilpäerd huet d'Regierung a Kolumbien annoncéiert, d'Déieren, déi schonn als invasiv Aart klasséiert goufen, steriliséieren ze loossen. "D'chirurgesch Sterilisatioun ass nëmmen eng vun den dräi Mesuren, déi den Ëmweltministère am Kader vum Plang fir den Ëmgang an d'Kontroll vun de Flosspäerd a Kolumbien virgesäit", heescht et vum Ministère selwer. Och d'Ëmsiidle vun den Déieren an d'ethesch Euthanasie, also d'Aschléiferen, géingen a Betruecht gezu ginn.
Am Mäerz 2022 goufen d'Nilpäerd vum Drogeboss an d'Lëscht vun den invasiven Aarten am Land, zanterhier gëtt géint d'Reproduktioun vun den Déiere gekämpft. Véier afrikanesch Flosspäerd hat de Pablo Escobar a säi privaten Zoo bei senger "Hacienda Nápoles" bruecht - am Moment sollen iwwer 160 Exemplairen am Floss Rio Magdalena liewen. Do zerstéiere si Felder, bréngen den Ekosystem aus dem Gläichgewiicht an Awunner a Gefor.
D'Sterilisatioun ass eng "komplex an deier Prozedur", deelt de Ministère mat a betount, datt "de Risk besteet, datt si allergesch op d'Narkos reagéieren oder datt déi mënschlech Ekipp op der Plaz a Gefor geréit." D'Sterilisatioun vun engem Nilpäerd kascht ronn 40 Millioune Pesos (ronn 9.000 €), ugefaange soll d'nächst Woch ginn. Bis zum Schluss vum Joer wëll d'Regierung esou 20 Déiere steriliséieren, dono sollen et der 40 d'Joer ginn.
Am September hat d'Dageszeitung "El Tiempo" gemellt, datt d'Zuel un afrikaneschen Nilpäerd bis 2034 op 1.418 klamme géing, wa keng Mesurë geholl géinge ginn. Dat geet aus enger Etüd vun dräi Institutiounen ervir, dorënner och d'Uni Javeriana aus der kolumbianescher Haaptstad Bogotá.