Si gesi léif aus a loosse sech gäre knuddelen. Minischwäi wieren awer keng normal Hausdéieren, warnen Experten. Si maache vill Aarbecht an et gi Reegelen.

Beim Sabine Bracker um Gandenhof an Niedersachsen ginn heefeg Minischwäin ofginn. Déi meescht dovu ginn als Hondsersatz gehalen, éier d'Leit se net méi wëllen an no duerchschnëttlech dräi Joer nees wëlle lass ginn. Spéitstens wann déi kleng gewuesse Schwäi geschlechtsräif an domat och emol méi aggressiv ginn, musse se fort.

D'Veterinär-Amt aus dem däitsche Landeskrees Lüneburg schwätzt vum engem Trend zum Minischwäin als Hausdéier. Allerdéngs musse si aartgerecht gehale ginn an esou, dass de Schutz géint Seuche garantéiert ka ginn.

"Schwäin, och wa se kleng sinn, si keng Kuscheldéieren. Hir Haltung léisst sech net mat där vun Hënn oder Kaze vergläichen. Si hu ganz aner Bedierfnisser", seet de Jochen Gronholz.

Et mécht een den Déiere kee Gefalen, wann ee se an der Wunneng behält a mat hinne spadséiere geet. Experte stinn dem Trend awer net nëmme wéinst dem Déiereschutz kritesch géigeniwwer. E kann och zu der Verbreedung vun der afrikanescher Schwéngspescht an anere Seuche bäidroen.