Nodeems an de leschte Woche bei Ellerbek am Bundesland Schleswig-Holstein schonn 2 doudeg Schildkröte fonnt goufen, gouf lo en 3. Déier zu Hamburg entdeckt

Déi sougenannt "Sporn-Deckelsmouk" wier der däitscher Police no am Quartier Schnelsen fonnt a vu Beamte séchergestallt ginn. Um Panzer wiere Spuere geséchert an de Kadaver dono entsuergt ginn. D'Departement fir Déiereschutzdelikter huet Ermëttlunge lancéiert.

D'"Spornschildkröten" gëllen als drëttgréisst Deckelsmouken-Aart op der Welt a liewen eigentlech an dréchenen an hëtzege Gebidder an Nordafrika. Am Wanter brauche si vill Wäermt. Normalerweis kënnen d'Déiere bis zu 110 Joer al ginn a bis zu 80 Kilogramm weien.

Den Déiereschützer Stefan Klippstein huet déi 3. Deckelsmouk no engem Tipp vun enger Bekannter aus der Poubelle geholl, wou se entdeckt gouf. Virdru wier si - wuel en Donneschdeg oder e Freideg - an enger Plastikstut verpak entsuergt ginn. Hire Panzer wier gebrach a futti gewiescht. Dowéinst geet de Klippstein dovun aus, datt d'Déier ëmbruecht gouf. "Den Ubléck vun dëse wonnerschéinen Déieren an der Poubelle ass immens schockéierend", sot de Stefan Klippstein der Däitscher Presseagence géigeniwwer.

Den ausgebilten Déierefleeger huet elo eng Belounung vun 1.000 Euro ausgeschriwwen, fir Hiweiser op de Proprietär vum Déier, déi zu enger Verurteelung féieren. "Dat ass ganz mysteriéis a bizarre, wat do geschitt. Ech schaffe scho laang als Déiereschützer. Mä ech hunn dat nach ni erlieft, datt däraarteg vill Deckelsmouken ausgesat ginn."

RTL

De Stefan Klippstein mat der doudeger Deckelsmouk / © Stefan Klippstein