An der italieenescher Hafestad Ladispoli huet ee Léif, deen aus engem Zirkus ausgebrach war, stonnelaang fir gréisser Opreegung gesuergt.

D'Raubdéier ass duerch d'Stroosse vun der 40.000-Awunner-Stad nërdlech vu Roum spadséiert. De Buergermeeschter vun der klenger Stad huet d'Leit opgeruff, ganz virsiichteg ze si wärend d'Police zesumme mat de Leit vum Zirkus versicht huet, d'Déier nees anzefänken, dat am Ufank mol ouni vill Succès.

Eréischt e puer Stonnen no sengem onfräiwëllege Fräigang ass et gelongen, de Léif ze déiden an nees anzefänken. Hie koum nees zeréck an den Zirkus.

Online kënnt der Iech bei eis Videoen ukucken, wou een déi de Léif gesäit gemittlech duerch d'Stroossen trëppelen.