Nodeems en Elefantekallef a Malaysia ugestouss gouf, ass deem seng Häerd op den Auto lassgaangen. Dee Klengen ass nom Accident awer rëm opgestanen.

E Sonndeg den Owend war eng Famill op enger Autobunn an der Géigend vun der malaysescher Stad Gerik ënnerwee, wéi si an enger lénkser Kéier aus Versinn e klengen Elefant mam Auto ze pake kruten. Wéi et vun der Police heescht, wier dee Moment liichten Niwwel a Gefisems gewiescht. "Den Auto ass an de jonken Elefant geknuppt, dee mat senger Häerd iwwer d'Strooss gelaf ass", sot e Porte-parole der CNN géigeniwwer.

D'Kallef wier nom Opprall op de Buedem gefall. "Wéi déi aner fënnef Elefanten dëst bemierkt hunn, si si bei d'Gefier gerannt an hunn ugefaangen, dorop ronderëm ze trëppelen", esou de Policespriecher weider. Eréischt wéi de Klengen nees opgestanen ass, hätten d'Elefante vum Auto ofgelooss a wiere vun der Strooss ewechgaangen.

D'Autoritéite kënnen net genee soen, a wéi engem Zoustand d'Kallef nom Accident ass. Vun der Famill am Auto gouf éischte Meldungen no kee blesséiert. Allerdéngs gesäit een dem Won d'Spuere vum Accident an den Elefanten un: D'Diere sinn agedréckt, d'Fënstere futti an och de Rescht vum Gefier ass beschiedegt.

Naturschützer kritiséieren, datt Elefanten a Malaysia duerch de Bau vun Autobunnen ëmmer méi dacks gezwonge sinn, op der Sich no Fudder iwwer d'Fuerbunnen ze goen. Sëllege Bëschgebidder wieren iwwerdeem dofir ewechgemaach ginn, wouduerch de Liewensraum vun den Elefanten ëmmer méi kleng gëtt.

Nom rezentsten Accident rifft d'Police zu méi Virsiicht op an et goufe Warnschëlder opgehaangen. Eréischt 2017 war en doudegt Elefantekallef bei enger Strooss fonnt ginn, dat wuel och iwwerrannt gouf. 2020 war e gestressten Elefant a Panik geroden, nodeems eng Rei Automobilisten him getut hunn. Och hien ass op den Autoe ronderëm getrëppelt.