Am "Pattcast", dem Podcast iwwer Déieren, diskutéiere mir iwwer Muppen, Kazen, Päerd an aner Aartgenossen.

Mir loossen Experte vum Fach zu Wuert kommen a ginn Tipps, wat d’Zesummeliewe mat eise Kolleegen op 4 oder 2 Patten, Flossen, oder sou, méi einfach mécht.

Dës Kéier dréint sech an eisem "Pattcast" alles ëm Allergië bei Hënn a Kazen. Ënnert anerem op d'Fro, wat eng Allergie ass a wéi ee se behandele kann, hu mir Äntwerte kritt vum Pascal Kemp vun de Vitalschnuffen a vum Veterinär Rawad El Khoury. Déi klassesch an déi alternativ Medezin loosse sech iwwregens gutt matenee verbannen.