An der Ëmgéigend vun der neiséilännescher Haaptstad sinn éischtmoleg zanter 150 Joer Jippelcher vun de bedreete Kiwien a fräier Wildnis op d'Welt komm.

Insgesamt véier Jippelcher vun der Vullenaart sollen entdeckt gi sinn. Wéi et vum Grënner vum Schutzprogramm "Capital Kiwi Project" Paul Ward heescht, géif een elo hoffen, datt et sech ëm déi éischt vu villen handelt. Et wier "e Meilestee fir eist Zil, eng wëll Kiwi-Populatioun an der Ëmgéigend vu Wellington opzebauen", esou de Paul Ward weider.

D'Kiwie gehéieren zu deenen am stäerkste menacéierte Vullenaarten an Neiséiland. Et gëtt geschat, datt et landeswäit nëmmen nach ronn 26.000 Exemplairë gëtt. Zil vum Capital Kiwi Project ass et elo, d'Jippelcher op e Gewiicht vun 800 Gramm ze kréien, fir datt se net méi vu Wisele kënnen ëmbruecht ginn. An deene leschte Joren hunn d'Déiereschützer nach weider Moossnamen ergraff, fir d'Villercher ze schützen an d'Géigend, südwestlech vu Wellington zu hirem Doheem ze maachen. Sou kruten Hondsbesëtzer aus der Géigend beispillsweis Schoulungen doriwwer, wéi se hir fräilafend Hënn vun de Kiwie fort halen. Och goufe ronn 4.600 Fale fir Wiselen, d'Haaptfeinde vu Kiwien, ausgeluecht.