Keen Happyend hat eng Poursuite tëscht der däitscher Police an engem Emu, deen e Freideg aus sengem Fräilaf zu Schlotheim ausgebéchst war.

Den 12  Joer alen australesche Lafvugel war een Dag méi spéit op engem Feld nieft enger Landstrooss gesi ginn. Sämtlech Versich d'Déier nees anzefänken, si schifgaangen. Fir d'éischt si si deemno dem Emu nogelaf, dono ass hien de Polizisten a Pompjeeën hannendru gelaf.

Den Emu huet sech iergendwa bedreet gefillt an ass aggressiv ginn. No enger wëller Juegd iwwer d'Feld wier hien op eemol stoe bliwwen, hätt sech ëmgedréint a wier op d'Asazleit duergelaf. A mat engem rosenen Emu leet ee sech léiwer net un. Fir eng Gefor fir d'Beamten an och d'Automobilisten ze verhënneren, gouf decidéiert, d'Déier z'erschéissen, sou d'Police.