Den Ingo war den eelsten Zoo-Bewunner zu Berlin.

"Den Ingo de Flamingo ass mat imposante 75 Joer altersbedéngt vun eis gaangen", huet den Zoo e Mëttwoch op hire soziale Reseaue geschriwwen.

Op engem Rank um Been hat de rosa Flamingo "Kairo, 23.6.1948" stoen. Fir d'Responsabel vum Déierepark eng Erklärung iwwer de Mindestalter vum Vugel. Zu Berlin hätt de Rosa Flamingo zanter 1955 gelieft a wier eng richteg Legend, sou den Zoo weider.

An effektiv, 75 Joer ass fir e Flamingo och eng legendär Zuel. An der Reegel liewe Flamingoen nämlech tëscht 20 an 30 Joer, och wann et Berichter iwwer Flamingoe ginn, déi däitlech méi al gi sinn. Deen eelste Flamingo huet an engem Déierepark australeschen Adelaide gelieft. Hie gouf mat 83 wéinst méi schwéieren altersbedéngte Problemer ageschléifert an huet zanter 1993 do gelieft.

Dem Ingo seng Geschicht ass awer nach net ganz eriwwer. De "rosa Methusalem" soll elo eng Plaz am Naturmusée zu Berlin kréien, nieft anere präparéierten Déiere wéi dem Panda Bao Bao an dem Äisbier Knut.