An Australien gouf en Dënschdeg eng Etüd mat neien negative Rekordwäerter presentéiert.

Dat sougenannt "Great Barrier Reef" an Australien ass déi gréissten Usammlung vu Koralleriffer op der Welt. Wéi dat australescht Institut fir d'Marinn-Wëssenschaft en Dënschdeg matgedeelt huet, si grouss Deeler dovun a leschter Zäit gestuerwen. Bei enger Etüd gouf festgestallt, datt d'Mortalitéit vun den 12 ënnersichte Riffer bei engem Rekordwäert vun 72 Prozent läit. Domat si gutt zwee Drëttel vum ënnersichte Secteur dout, wat sou vill wéi nach ni zanter der Erhiewung vun den Donnéeën ass.

Grond fir déi héich Mortalitéit wieren nieft den zwee Zyklonen, déi Australien am Summer erreecht haten, och d'Tatsaach, datt d'Korallen duerch eng erhéichten Temperatur an och Schuedstoffer am Waasser wäiss géife ginn. Déi wäiss Faarf ass een éischt Unzeechen, datt si krank sinn an deemno spéider stierwe kënnen.