Wéi wann eng Begéinung mat enger gëfteger Schlaang net scho schlëmm genuch wier: Enger Fra an Australien ass am Auto eng Tigerotter d'Been erop gekroch.

Am australesche Bundesstaat Victoria war eng Fra mat 80 km/h op der Autobunn ënnerwee, wéi si bemierkt huet, datt hir eng gëfteg Tigerotter d'Been erop gekroch ass. Der Police no hätt si bemol eppes un hirem Fouss gespuert. Wéi si erofgekuckt huet, hätt si déi gëfteg Schlaang gesinn.

"Bemierkenswäerterweis", wéi d'Police betount, wier et der Fra nach wärend der Faart gelongen, d'Schlaang ofzerëselen, op d'Pannespuer ze fueren a séier aus dem Auto ze klammen. D'Beamten hätten d'Fra du buerféiss an ënner Schock fonnt. D'Secouristen hu si doropshin direkt ënnersicht, fir sécher ze sinn, datt d'Fra net gebass gouf. E sougenannte "Schlaangefänger" huet dat "risegt" Déier aus dem Auto geholl.

Tigerotter gehéieren der Naturschutzautoritéit vum Bundesstaat Victoria no zu de gëftegste Schlaange vun der Welt. D'Schlaang gi ronn ee Meter laang a reagéieren op Geforen, andeem si hire Kapp opriichten an den Hals an de Kapp uleenen. Hir Nimm hunn d'Tigerotter vun de Sträifen op hirer Haut.