Bier no 2 Deeg an engem Supermarché mat Hunneg-Fal erausgelackelt

© AFP Archivbild
Zwee Deeg laang huet een am japaneschen Akita versicht, e Bier, dee sech an engem Supermarché breet gemaach hat, nees do eraus ze kréien.
E Méindeg ass et endlech gelongen, d'Déier aus dem Buttek ze lackelen an anzefänken. De Geroch vun der Fal aus "Räisdeeg, Banannen, Äppel a Brout, alles mat Hunneg bestrach", hätt de Bier op d'Récksäit vum Supermarché gezunn, wéi et vun den Autoritéiten heescht.
De Bier hat e Samschdeg de Moien e 47 Joer ale Mann am Supermarché um Kapp blesséiert an hat de Fleeschrayon auserneegeholl. Wéi d'Police matgedeelt hat, sollt d'Déier fir d'éischt agefaangen an dono dout gemaach ginn.
A Japan sinn 2023/24 bannent 12 Méint 6 Mënschen duerch Bieren ëmkomm, duebel esou vill wéi d'Joer virdrun. Am selwechten Zäitraum goufen awer och iwwer 9.000 Bieren erschoss. Zanter Enn Mäerz sinn a Japan 3 Mënschen duerch eng Bierenattack ëm d'Liewe komm, dorënner eng eeler Fra, déi an hirem Gaart ugegraff gouf, an e Fëscher, vun deem den ofgetrennte Kapp an engem Séi fonnt gouf.
A Japan liewen ënner anerem Brongbieren, déi bis zu enger hallwer Tonn weien. Si sinn op der nërdlecher Hallefinsel Hokkaido heemesch. Ma wéi op villen anere Plazen op der Welt, fannen si net méi genuch ze friessen. D'Bieren zitt en deemno méi no un Dierfer a Stied. Donieft ass duerch de Klimawandel net just d'Narungsversuergung gestéiert, ma och hir Wanterschlofzäiten.