Zu Stroossbuerg gouf um Dënschdeg de Status vun der Protektioun vum Wollef erofgesat.

Domat sinn d'Konditioune fir e méi séieren Ofschoss vun den Déiere geschaf. D'Wëllef sinn an Zukunft net méi "streng geschützt", ma gëllen nëmme méi als "geschützt". Am Europarot huet sech eng Zweedrëttel-Majoritéit vun de Staaten dofir ausgeschwat.

Bis ewell dierfe Wëllef an der EU nëmme geschoss ginn, wa si eng Gefor fir Mënschen an Déieren duerstellen. Dacks mussen d'Resultater vun enger DNA-Analys ofgewaart ginn. Elo wieren d'Déiere zwar weider geschützt, mee eng Juegd op si ass grondsätzlech méiglech.

D'EU-Kommissioun muss deemno konkreet Propose fir Ännerunge vun de Juegdreegele fir Wëllef maachen. Duerno ass et un de 27 EU-Memberstaaten an dem Europaparlament, fir iwwer changéiert Gesetzer ze beroden.