Ee Lëtzebuerger Resident huet ee Problem mam Hond vu senger Nopesch. D'Déier billt stonnelaang, esoubal si fort ass.

Et ass eng Situatioun, déi ee vill Nerve kaschte kann. Ma et gëtt Léisungen, wéi een Hondstrainer erkläert.

"Hallo, ech hunn e puer Problemer doheem", schreift ee gewëssen "Huge-Salt6175" am sozialen Netzwierk Reddit. "Den Hond vu menger Nopesch fänkt u mat billen, wa si d'Haus verléisst, an zwar vu 7 bis 16 Auer. Den Hond mécht et mat Pausen, mee konstant. Dem Besëtzer vum Hond gehéiert och d'Grondstéck, dowéinst weess ech net genee, wéi ech Drock ka maachen. Kennt Dir iergendwellech Reglementatiounen an deem Kader? Ech schaffe vun doheem an et ass zimmlech schwéier, sech ze konzentréieren", esou de User.

De Post huet eng sëllege Commentairen ausgeléist, déi all verschidde Methode virschloen, dem Problem bäizekommen. Verschiddener ware méi douce - et sollt ee fir d'éischt probéieren, mat der Nopesch ze schwätzen-, wärend anerer méi radikal waren - et sollt een Anti-Bill-Maschinnen opriichten.

Eis Kolleege vun RTL Infos hu mam Hondstrainer Geoffrey Martins geschwat, deen op d'Ausbildung vu Familljenhënn spezialiséiert ass.

Wéi ee billenden Hënn déi schlecht Gewunnecht oftrainéiere kann a wat d'Autoritéite géint dëse Problem maache kënnen, dat gitt Dir hei am Artikel gewuer.