Et ass en Engagement an eng Responsabilitéit fir d’Liewen.

Um Dënschdeg ass net nëmmen den internationalen Dag vun de Mënscherechter, mä och dee vun den Déiererechter.

De Landwirtschaftsministère huet an deem Kontext eng Campagne relancéiert.

Et dierft ee sech net spontan decidéieren, en Déier z’adoptéieren, oder well de klenge Mupp oder déi kleng Kaz sou léif ausgesinn. Déi Decisioun misst gutt iwwerluecht sinn. Wann awer, da soll een och onbedéngt drun denken, fir en Déier aus dem Asyl z’adoptéieren.
 
Wann ee sech fir en Déier decidéiert, ass dat en Engagement iwwer Joren. Et brauch een d’Suen, Plaz an och zum Beispill eng Léisung, wann ee krank gëtt oder een ouni Déier an d’Vakanz wëll.
 
Hënn a Kazen sinn hei am Grand-Duché jo déi beléiftsten Hausdéieren.

Als Rappell: D’Hënn mussen dobaussen oder a Gebaier un der Léngt sinn. Et gëtt recommandéiert, datt all d’Hënn kastréiert sinn. Si dierfen net an engem Käfeg gehale ginn, och net fir kuerz Zäit an de Kacka vun Hand muss beim Spadséieren opgegraff an uerdentlech entsuergt ginn.