2023 goufe bei eisen Nopere Versich un 1,46 Milliounen Déiere gemaach. Dat ass eng Baisse vu 16 Prozent respektiv 270.000 Déiere par Rapport zu 2022.

Déi Zuelen nennt de "Bundesinstitut für Risikobewertung". D'Baisse wier esouguer nach méi héich, wéi vun 2021 op 2022.

Och d'Zuel vun den Déieren, déi fir wëssenschaftlech Zwecker doutgemaach goufen, ass ëm 40.000 Liewewiesen op ënner 672.000 gefall. Hei ginn Déiere gezielt, déi vu Fuerscher doutgemaach goufen, fir ënner anerem Zellkulture vun hiren Organer ze huelen.

Am Total gouf et 2023 2,13 Millioune Versich un Déieren, wat e Minus vun 12,7 Prozent ass.

Ronn 80 Prozent vun den Déieren, déi dat lescht Joer an Däitschland fir Déiereversich agesat goufen, ware Mais a Raten, esou d'Statistike vum BfR weider. Déi Zuel ass dann och däitlech op 1,17 Milliounen erofgaangen.

Och d'Zuel vun de Fësch, déi fir Versich agesat ginn, ass weider op ronn 162.000 gefall, e Minus vun 11,1 Prozent. Dogéint gouf et awer eng Hausse vu 4,6 Prozent bei de Kanéngercher. Vigel dogéint ginn ëmmer manner agesat a maachen aktuell nach ronn 1,4 Prozent vun all den Déiere bei Versich aus.

Gouf et 2022 nach eng Hausse bei den Hënn, esou ass dësen Trend 2023 nees gestoppt ginn. Et goufen 300 Muppe manner benotzt, wéi 2022, an 2.550 am Ganzen. Dogéint ass d'Zuel vu Versich u Kaze mat 544 stabil bliwwen. Hënn a Kaze gi bei der Erfuerschung vu Krankheeten a fir virgeschriwwen Tester vun Déieren- an Humanmedezin agesat. Hënn kommen dem BfR no och fir Schoulungszwecker an den Asaz, also bei Tester, déi eng geréng Belaaschtung mat sech bréngen.

Afen an Hallef-Afe goufen 1.676 Mol agesat, wat ee Véierel manner ass, wéi nach 2022. Och d'Afe ginn haaptsächlech fir Tester an der Humanmedezin agesat.

Bei ronn 64 Prozent vun den agesate Versuchsdéiere ginn d'Tester dem "Bundesinstitut für Risikobewertung" no als "geréng" agestuuft. Mëttelschwéier Belaaschtunge sinn et a 27,5 Prozent vun de Fäll a schwéier Belaaschtungen an 3,5 Prozent, esou de BfR weider.