Norwegesch Pompjeeë rette Réi duerch Kuschelen

© Image Roy Johansen / Dagbladet
Mat enger ongewéinlecher Aktioun hunn zwee Pompjeeën e Réi gerett, nodeems si dat ënnerkillt Déier aus engem Floss gezunn hunn.
An der norwegescher Gemeng Lørenskog hat sech e Réi um Äis vum Floss Fjellhamarelva veriert a war agebrach. Wéi d'Pompjeeë Kai Moberg a Roy Johansen op der Plaz ukoumen, war d'Déier scho knapp 20 Minutten am äisege Waasser, wéi et vun der Zeitung "Dagbladet" heescht. Obwuel si sech net sécher waren, ob d'Réi iwwerhaapt nach ze rette wier, hunn d'Männer decidéiert, d'Réi aus dem Waasser ze zéien.
"D'Réi gouf u Land gedroen, mä et war esou midd an ënnerkillt, datt et sech einfach geluecht huet. Et konnt net méi", huet de Moberg der Zeitung erkläert. Ma si wollten d'Déier awer nach net opginn: Zesummen hu si d'Réi an d'Entrée vun engem Haus an der Géigend bruecht. Do hunn déi zwee Männer sech zesumme mam Réi ënner eng Rettungsdecke geluecht an d'Déier tëscht sech geholl, fir et ze wiermen. An tatsächlech ass d'Réi no bal annerhallwer Stonn erëm op de Been gewiescht.
Zesumme mam Juegdverband konnte si d'Déier nees an d'Fräiheet loossen - e besonnesche Moment wéi d'Männer beschreiwen: Wéi d'Réi zeréck op e Feld gelaf ass, hätt et sech nach eng Kéier zu senge Retter ëmgedréint, éier et am Bësch verschwonnen ass. "Et war, wéi wann et eis fir eis Hëllef wollt Merci soen", esou de Moberg géigeniwwer "Dagbladet".

© Roy Johansen / Dagbladet