Am Raum Dol kéint e Wollef ënnerwee sinn

© RTL Archiv
Viru Kuerzem waren op enger Weed am Raum Dol zwee doudeg Schof fonnt ginn, déi eendeiteg vun engem Raubdéier gerass goufen.
Wéi d'Naturverwaltung en Donneschdeg de Moie matdeelt, kéint och no enger Expertis net ausgeschloss ginn, datt et e Wollef war. Fir eng méi genee geneetesch Analys goufe vun engem vun de Schof Prouwe vun de Bësswonne geholl. An der Hoffnung, datt genuch verwäertbar DNS an de Spautprouwe sinn, ginn dës un d'Senckenberg-Institut zu Gelnhausen an Däitschland geschéckt. Mat de Resultater gëtt awer eréischt an e puer Woche gerechent.
D'Naturverwaltung betount iwwerdeem, datt et zanter 2017 ëmmer nees Spuere vun eenzele Wëllef zu Lëtzebuerg gëtt. An eisen Nopeschlänner, wéi an der Belsch, liewen iwwerdeem schonn zanter e puer Joren nees Wollefsruddelen.
Doriwwer eraus rappelléiert d'Naturverwaltung och d'Roll vun de Wëllef am Ekosystem a verweist dorop hin, datt Lëtzebuerg mat engem Aktiouns- a Managementplang gutt op de Retour vum Wollef virbereet wier.
Verhalensreegelen, wann een e Wollef begéine sollt
Och wa Wëllef eigentlech schei sinn an de Kontakt zu de Mënsche meiden, kann et virkommen, datt een engem Wollef begéint. An deem Fall gëtt d'Naturverwaltung e puer Tipps eraus, wéi ee sech verhale soll:
- Net fortlafen, well de Juegdinstinkt soss ausgeléist kéint ginn
- Net a Richtung vum Wollef beweegen an dësen ëmmer am Bléck halen - dat awer ouni Bléckkontakt
- De Wollef op sech opmierksam maachen: A seng Richtung ruffen a mat den Äerm wackelen. Sollt de Wollef sech net zréckzéien, sollt ee sech selwer no hanne beweegen an Ofstand halen
- Kënnt de Wollef méi no, soll ee weider jäizen a mat Äscht, Steng oder soss Géigestänn op de Wollef geheien
- E Wollef NI mat Fudder ulackelen, och net fir Fotoen ze maachen