Silvester ass fir Déiere mat vill Stress verbonnen: De Fluchhafen zu Frankfurt bitt Déierebesëtzer eng Plaz, fir sech mat hire Pelznuesen zréckzezéien.

Wouhin u Silvester, fir datt Hausdéieren de Kaméidi vu Freedefeier a Knupperten net mat kréien? Eng Méiglechkeet ass de Fluchhafen zu Frankfurt. Nieft dem Verbuet vu Freedefeier ronderëm de Fluchhafe selwer gëtt et hei och en Hotel, dee schallisoléiert ass.

Esou bitt de Sheraton Frankfurt Airport-Hotel schonn zanter e puer Joer e "Silvester-Hond-Package" mat Iwwernuechtung an Iessen un. Wéi et vu Fraport heescht, wier d'Nofro no enger Kummer am schallisoléierten Hotel al Joer grouss an den Hotel och bal ausgebucht.

Eng weider Méiglechkeet sinn iwwerdeem Nationalparken an Däitschland. Hei muss een zwar fréi u sinn, ma och hei si Freedefeier a Co verbueden.

A wéi enge Lëtzebuerger Gemengen Är Déiere wéinst dem Verbuet vu Freedefeier op Silvester roueg dierfte sinn, hu mir Iech an eisem Artikel opgelëscht.