Déi 24 Joer al Fra huet d'Dot gestanen, ma een zimmlech ongewéinlecht Motiv genannt.

An der Nuecht op e Samschdeg soll eng Fra op engem Reithaff zu Kierspe an Nordrhein-Westfalen ee Päerd geklaut hunn an dann domat ronn aacht Kilometer weider an d'Nopeschduerf Meinerzhagen gelaf sinn. Dat mellt déi lokal Police e Samschdeg.

Géint 1.40 Auer haten Zeie sech mat engem éischter ongewéinlechen Uruff bei der Police gemellt - enger verdächteg Fra géif mat engem Päerd un der Trens a Richtung Duerf lafen. Wou d'Polizisten op der Plaz ukomm sinn, war awer weder vum Päerd nach vun der Fra eppes ze gesinn.

Ronn zwou Stonne méi spéit - géint 4.30 Auer - huet den Telefon um Policebüro dunn nach emol geschellt. Och hei hunn Zeien ausgesot, eng Fra wier mat engem Päerd ënnerwee - an dat op eng relativ geféierlech Aart a Weis: op der Héicht vun enger Bensinnsstatioun géif den Duo an der Mëtt vun der Strooss trëppelen.

Dës Kéier hunn d'Beamten déi verdächteg Fra mam Päerd dunn och fonnt. Déi zwee hunn op der Pompel ee "Boxenstopp" gemaach. Déi 24 Joer al Verdächteg, déi der Police net onbekannt ass, huet d'Dot zouginn, ma ee relativ ongewéinlecht Motiv genannt. Si hätt sech eleng gefillt an hätt net wëllen eleng duerch d'Nuecht lafen.

D'Police huet de Besëtzer vum Päerd informéiert, deen et no senger laanger Nuetswanderung dann och zeréck an de Stall bruecht huet. Géint déi 24 Joer al Fra gëtt wéinst Déifstall ermëttelt. Ob bei der Dot Alkohol oder Drogen am Spill waren, gëtt vun der Police net detailléiert.