Fra gëtt an der Nuecht a Bësch an Däitschland vu Wëllschwäin ëmkreest

© HOLGER HOLLEMANN DPAdpa Picture-Alliance via AFP
An sech wollt eng Fra vu 24 Joer just mat hirer Hängematt a Rheinland-Pfalz am Bësch iwwernuechten. E Grupp Wëllschwäin hat awer do wuel eppes dogéint.
Wéi et heescht, gouf d'Fra aus Hessen matten an der Nuecht vun engem Trapp Wëllschwäin iwwerrascht an agekreest. Hier ass du näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi d'Police vu Koblenz en Dënschdeg ze kontaktéieren.
D'Lager vun der Fra gouf an engem Bësch bei Rheinbrohl opgeriicht, wéi se an der Nuecht op en Dënschdeg vun direkt e puer Wëllschwäin hei begréisst gouf. Wéi d'Police op d'Plaz koum, waren d'Déieren du schonn nees fortgelaf an am Bësch verschwonnen.
Déi 24 Joer al Fra konnt dunn ouni Schued d'Hängematt nees verloossen a gouf vun de Beamten aus dem Bësch begleet. Ma dobäi ass si an e Lach am Buedem getrëppelt an huet sech dobäi d'Bänner gerass. Si gouf am Spidol behandelt.